Jean-Claude Franck (@jcfranck) 's Twitter Profile
Jean-Claude Franck

@jcfranck

Journalist, editor-in-chief @100komma7 - the public radio in Luxembourg

ID: 360789888

linkhttp://www.100komma7.lu calendar_today23-08-2011 19:27:02

3,3K Tweet

2,2K Followers

311 Following

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Um Enn kënnt et zu Lëtzebuerg dann awer dacks net esou schlëmm, wéi ufanks gefaart. An trotzdeem gesäit der neier Regierung hire Projet fir de Staatsbudget 2024 en däitlechen Defizit vir, sou de Jean-Claude Franck a senger Analys. 100komma7.lu/news/Staatsfin…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Elengerzéiend Frae si vu Präisdeierechten a Krisen, notamment der Logementskris zu Lëtzebuerg, am stäerkste betraff. Dat geet aus enger Etüd vum LISER ervir. Wat wëll d'Politik dogéinter maachen? 100komma7.lu/news/LISER-Etu…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De ville Ree féiert dozou, datt d’Peegel vun de Flëss a Baachen am Moment relativ héich sinn. Grad an esou Situatioune kann et hëllefen, datt ëmmer méi Gewässer renaturéiert ginn. 100komma7.lu/episoden/Wat-b…

Laurent Schmit (@laschmit) 's Twitter Profile Photo

Zimlech Rëm-Gëeeërs vum Yuriko Backes an der Fro vun der Neipuertsgaass. Och interessant, datt just den Tram-Takt am Zentrum net a Fro gestallt ass. Mee och um Kierchbierg sinn 8 Minuttten och ze vill.

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’Nominatioun vum CDU-Europadeputéierte Markus Pieper als Envoyé spécial fir d’PME vun der Europäescher Kommissioun werft Froen ob, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit. En plus, wier dee Posten ob eng “obskuer Manéier” geschaf ginn. 100komma7.lu/news/EU-Envoye…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’CSV muss mat hiren Aussoen iwwer hir Memberschaft am nationalen Aktiounscomité géint d'Atomkraaft zeréckrudderen. D'Partei huet nämlech nach keng Demarchë gemaach fir nees Member vum Aktiounscomité ze ginn. 100komma7.lu/news/CSV-nach-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Beim 1. Tour vun de Legislativwalen a Frankräich hu bis 17 Auer scho 6 vun 10 potentielle Wieler a Wielerinnen eng Stëmm ofginn. Wat steet haut um Spill? Erklärungen hei: 100komma7.lu/news/Frankraic…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Héichrechnungen no, déi vun auslännesche Medie publizéiert ginn, kéint de rietsextreme Rassemblement National am franséische Parlament eng absolut Majoritéit kréien. Déi definitiv Kompositioun vun der Assemblée Nationale wäert awer réischt nom 2. Tour an enger Woch stoen.

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Héichrechnung vu France 2: Rietsextreme Rassemblement National verpasst absolut Majoritéit. Emmanuel Macron mécht Appell un déi aner Parteie fir am zweeten Tour zesumme géint den RN virzegoen 100komma7.lu/news/Neiwalen-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez esou wéi zwee fréier Comitésmembere vun der Escher Fola musse sech wéinst sougenannten intellektuelle Fälschunge viru Geriicht veräntwerten. Déi Concernéiert wëllen an Appell goen. 100komma7.lu/news/Eric-Lux-…

Pia Oppel (@pia_oppel) 's Twitter Profile Photo

Mauvais élève - le podcast sur les inégalités scolaires au Luxembourg. "J'adore l'école"! (and pardon my french...literally!) 100komma7.lu/news/Mauvais-e…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An der Arméi ass en Ënneroffizéier 100,7-Informatiounen no wéinst dem Virworf vu sexuellem Mëssbrauch suspendéiert ginn. Zënter annerhallwe Mount leeft och eng Enquête vun der Justiz. De Ministère vun der Defense confirméiert de Fall op eis Nofro hin. 100komma7.lu/news/armei?pd=…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am konventionéierte Secteur gëtt et ee risege Finanzskandal. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no Affer gi vun engem Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt. 100komma7.lu/news/Krisesitu…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Premier Luc Frieden wëll 100,7-Informatiounen no de ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc bis den Trounwiessel erneieren. 100komma7.lu/news/Luc-Fried…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Staat wäert fir den Ament kee Geld méi un d’Caritas iwwerweisen, wëll ee kee Vertraue méi huet an de Management vun der Hëllefsorganisatioun, esou de Premier Luc Frieden. 100komma7.lu/news/De-Staat-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Verwaltungsrot vun der Caritas Lëtzebuerg huet e Krisecomité en place gesat. Dat huet d‘Caritas eisen Informatiounen no an enger interner Kommunikatioun matgedeelt. 100komma7.lu/news/Verwaltun…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An der Enquête iwwer de Finanzbedruch bei der Caritas leien dem radio 100,7 nei Informatioune vir. Et stellt sech d'Fro, wéi eng Roll déi inculpéiert Finanzdirektesch an hire Service beim Bedruch gespillt hunn. 100komma7.lu/news/Caritas-D…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Eis Recherchë loossen Zweiwel drun opkommen, datt d'Caritas mam Verontreie vun 61 Milliounen Euro Affer vun engem Presidentebedruch ginn ass. D'Fraude schéngt eise Recherchen no mat Insiderwësse vu banne preparéiert an ëmgesat ginn ze sinn. 100komma7.lu/news/President…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken an der Caritas-Affär gëtt an enker Koordinatioun tëscht der CSSF an der Europäescher Zentralbank analyséiert. Bis elo war just gewosst, datt d'CSSF sech mat enger Analys saiséiert hätt. 100komma7.lu/news/Caritas-F…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Wann d'Aktivitéite vu Caritas Lëtzebuerg solle weider lafen, musse séier Léisunge fonnt ginn. Dëse Mount si bei der Fondatioun wéinst dem rezente Finanzbedruch net méi genuch Suen do fir all d‘Paien an Aktivitéiten ze finanzéieren. Dat confirméiere gutt informéierte Sourcen.