Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile
Martine Deprez

@deprez_martine_

🇱🇺 Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale

ID: 1727341771749728256

linkhttp://www.gouvernement.lu calendar_today22-11-2023 15:05:24

215 Tweet

200 Takipçi

77 Takip Edilen

Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Visitt bei der Air Rescue: adequaten a séieren Transport vu Liewen a Nout duerch Rettungshelikopteren a Jet-Ambulanzen zu 🇱🇺 & weltwäit. Hier Dokteren & Infirmieren setzen dagdeeglech déi 1. wichteg Gester fir de Noutfall & stabiliséieren de Patient fir weider gehollef ze kréien.

Yuriko Backes (@yuriko_backes) 's Twitter Profile Photo

Och am Gesondheetsberäich gëtt et nach en #GenderGap. Frae si keng kleng Männer. D’Gesondheet vu Fraen ass kee Luxus, mir schwätzen vun der hallwer Bevëlkerung, déi e Recht op ugepassten Dose 💊 & geschlechterspezifesch Etuden huet. Mat Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale wëllen mir Fortschrëtter maachen.

Och am Gesondheetsberäich gëtt et nach en #GenderGap. Frae si keng kleng Männer. D’Gesondheet vu Fraen ass kee Luxus, mir schwätzen vun der hallwer Bevëlkerung, déi e Recht op ugepassten Dose 💊 &amp; geschlechterspezifesch Etuden huet. Mat <a href="/sante_lu/">Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale</a> wëllen mir Fortschrëtter maachen.
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Wéi kënne lesbesch Koppelen aktuell medezinesch Ënnerstëtzung bei der Reproduktioun kréien a wéi gesäit d'Zukunft dovun zu Lëtzebuerg aus? Doriwwer hunn ech mat der Grupp L-Mums vum Centre Lgbtiq+ Cigale geschwat, déi (zukünfteg) queer Mammen zu LU representéiert.

Mat Intersex & Transgender Luxembourg asbl si mir ënner anerem op déi spezifesch Besoine vu Kanner agaang, déi intersex sinn, a wéi een hier Rechter stäerken a verbessere kann.

Mat Intersex &amp; Transgender Luxembourg asbl si mir ënner anerem op déi spezifesch Besoine vu Kanner agaang, déi intersex sinn, a wéi een hier Rechter stäerken a verbessere kann.
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Mat der Ministesch fir Agrikultur Hansen Martine ware mir gëschter bei Cannad'Our zu Kaalber, dem Pionéier am Beräich vun der Hanfproduktioun zu 🇱🇺. Si produzéieren eng grouss Pallette Ourdaller Produkter, wéi beispillsweis Téi, Crèmen an Ueleger.

Mat der Ministesch fir Agrikultur <a href="/HansenMartine2/">Hansen Martine</a> ware mir gëschter bei Cannad'Our zu Kaalber, dem Pionéier am Beräich vun der Hanfproduktioun zu 🇱🇺. Si produzéieren eng grouss Pallette Ourdaller Produkter, wéi beispillsweis Téi, Crèmen an Ueleger.
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Visitt Domaine Schoumansbongert: Struktur fir Leit mat schwéiere Krankheeten an/oder Behënnerungen. D'Personal setzt sech dofir an de 56 Patienten an der Fleeg hiert Liewen ze erliichteren, andems si op hier individuell Besoinen aginn & hinnen ee Laachen op d’Gesiicht zauberen.

Visitt Domaine Schoumansbongert: Struktur fir Leit mat schwéiere Krankheeten an/oder Behënnerungen. D'Personal setzt sech dofir an de 56 Patienten an der Fleeg hiert Liewen ze erliichteren, andems si op hier individuell Besoinen aginn &amp; hinnen ee Laachen op d’Gesiicht zauberen.
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Dëst Joer ass d’Thema #PositiveRelationships : sexuell Gesondheet geet iwwert déi physesch & mental Gesondheet eraus, si ass en essenziellt Element vu positive Relatiounen, déi sech duerch sécher sexuell Erfarungen ouni Gewalt, Diskriminatioun & Zwang auszeechnen

Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Am Februar 2024 hunn ech d‘Charte fir d'Preventioun vum Fetalen Alkoholsyndrom vun der Suchtberodungsstell Quai 57 ënnerschriwwen. Eng Initiativ hannert der ech weiderhi stinn, well d’Gesondheet vun eise Kanner schonn am Bauch ufänkt!

Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Wann et engem net gutt geet, ass et absolut OK a wichteg, no Hëllef ze froen! Dir sidd net eleng, wann e Gespréich mat enger Vertrauenspersoun keng Optioun ass, kann en anonymmen Uruff bei engem Hëllefsdéngscht en Ënnerscheed maachen.

Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Der asbl Femmes en détresse hir Missioun ass et, Fraen an hir Kanner virun haislecher Gewalt ze schützen. Haut krut ech en Abléck an ee wichtegen neie Projet: e Foyer an dem Fraen, déi ënner psychesche Problemer leiden (mat oder ouni Kanner), Hëllef fannen.

Ech konnt gëschter op enger Visitt bei der Krankekeess vun de Gemengebeamten an Employéen (CMFEC) gewuer gi wéi si organiséiert sinn a wéi vill Leit nach ëmmer bei si an de Guichet kommen. Eng wichteg Déngschtleeschtung déi nach ëmmer trotz Digitalisatioun, gebraucht gëtt!

Um Dag vun der Rentrée spieren ech ëmmer nach d'Opreegung déi mat deem Dag verbonnen ass. Menge fréiere Kolleegen & Schüler & allen Elteren, Enseignanten, Kanner, Schüler a Studenten ee richteg gudde Start an d'Erausfuerderunge vum neie Schouljoer! A virun allem, bleift gesond!😊

Um Dag vun der Rentrée spieren ech ëmmer nach d'Opreegung déi mat deem Dag verbonnen ass. Menge fréiere Kolleegen &amp; Schüler &amp; allen Elteren, Enseignanten, Kanner, Schüler a Studenten ee richteg gudde Start an d'Erausfuerderunge vum neie Schouljoer! A virun allem, bleift gesond!😊
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Happy Birthday Gesond Diddeleng!🎉 A Felicitatioune fir di gelongen 20ten Editioun: 28 verschidde Stänn mat ënnerschiddleche Servicer aus dem Beräich Gesondheet, Gesondheetscheckup vum CHEM an en Update a puncto Defibrillator! Free mech op déi 21ten Editioun!

Haut hat ech een Echange mat der Fondation Cancer iwwert de Parcours vum Onkologie Patient vun der Diagnos bis zur Stabilisatioun respektiv der permanenter Begleedung. Zesummen si mir op d'Suerge vum Patient & op eventuell Pisten zur Verbesserung vun der Prise en Charge agaang.

Haut hat ech een Echange mat der Fondation Cancer iwwert de Parcours vum Onkologie Patient vun der Diagnos bis zur  Stabilisatioun respektiv der permanenter Begleedung. Zesummen si mir op  d'Suerge vum Patient &amp; op eventuell Pisten zur Verbesserung vun der Prise en Charge agaang.
Martine Deprez (@deprez_martine_) 's Twitter Profile Photo

Den INCCI (Institut National de Chirurgie Cardiaque et de Cardiologie Interventionnelle) an hier Amicale des patients bréngen de Bus du Cœur des Femmes op 🇱🇺. Hei kënnen ënner anerem Fraen, déi an enger vulnerabeler Situatioun sinn, ugepasste kardiovaskulär Kontroll kréien.